Fanger
Fangeren
Fangere
1
Finger der Hand
doigt de la main
finger of the hand
dedo da mão
den Aarbechter huet sech mat der See e Fanger erofgeschnidden
de Coureur ass gefall an huet sech de klenge Fanger gebrach
wann s de Pech hues, kanns de der de Fanger an der Giletstäsch briechen!
du muss de Fanger weisen, wann s de eppes wëlls soen!
et weist een net mam Fanger op d' Leit! 1
EGS bleif mat dengen (ongeseenten) Fangeren dovun ewech! pak dat net un!
EGS dat kanns de mam klenge Fanger ophiewen dat ass liicht
EGS du muss dem Stagiaire op d' Fangere 1 kucken! du muss de Stagiaire kontrolléieren
EGS deem dote klappe mer op d' Fangeren 1 ! 1 deen dote loosse mer net gewäerden!
EGS de Keessjee hat och seng Fangeren am Spill! de Keessjee war och an déi Saach verwéckelt
EGS fir dech krëmmen ech kee Fanger méi! fir dech maachen ech näischt méi!
EGS de President mécht sech d' Fangeren 1 net knaschteg! de President iwwerléisst deenen aneren ëmmer d' Drecksaarbecht 1
EGS d' Schülerin 1 huet sech dat doten aus de Fangere gesuckelt! d' Schülerin 1 huet dat dote fräi erfonnt
EGS verbrenn der d' Fangeren 1 net dorun! schuet der net selwer domat
EGS d' Kand 1 huet säi Papp schéin ëm den (klengen) Fanger gewéckelt! d' Kand 1 huet säi Papp mat sengem Charme derzou bruecht, dat ze maachen, wat hatt wëllt
EGS du hues de ganzen Dag nach kee Fanger geréiert! du hues de ganzen Dag nach näischt geschafft
EGS looss d' Fangeren 1 dovun! looss dat sinn! maach dat net!
EGS gëtt ee menger Schwëster de klenge Fanger , 1 hätt se gären déi ganz Hand! meng Schwëster probéiert ëmmer, vun engem senger Guttheet ze profitéieren
EGS ech loosse mech net an d' Fangeren 1 huelen! ech hale mech aus där Saach eraus, well ech spéider keng Virwërf wëll gemaach kréien
EGS et kribbelt mer an de Fangeren ! 1 ech sinn net méi wäit dervun, fir der eng ze haen
EGS dat Meedchen huet der un all Fanger zéng! dat Meedchen huet vill Freieren
EGS dat dote kanns de der op de Fangere vun enger Hand ausrechnen d' Konsequenzen 1 dovu si virauszegesinn
EGS déi Elteren hunn ze vill dacks duerch d' Fangere 1 gekuckt déi Eltere waren ze tolerant
dat huet mäi klenge Fanger mer gesot ech verroden net, wie mer dat gesot huet
EGS et geet alles duerch seng Fanger hien decidéiert iwwerall mat
EGS da stees de do mam Fanger am Mond! da stees de do an du weess net, wéi s de solls reagéieren
2
klenge Fanger
kleiner Finger
auriculaire petit doigt
little finger
mindinho dedo pequeno mão
mäi rietse klenge Fanger ass schonn zanter e puer Deeg geschwollen
3
Finger des Handschuhs
doigt du gant
finger of a glove
dedo da luva
d' Fangere 1 vu mengen Händsche si vir op
Griffel
EGS