Täschen
Täsche
Tasche eines Kleidungsstücks, eines Gepäckstücks
poche d'un vêtement, d'un sac
pocket of clothing, of a bag
bolso algibeira
ech kafe meeschtens Hiemer mat enger Täsch
ech hunn e Lach an der rietser Täsch vu menger Jeans
eis Fluchbilljeeë stiechen an der baussenzeger Täsch vun eiser Wallis
EGS hie kuckt mam rietsen A an déi lénks Täsch hie baluckt
EGS maach léiwer d' Fauscht 1 an der Täsch ! 1 weis deng Roserei léiwer net offen!
EGS elo hu mer d' Saach 1 an der Täsch ! 1 elo kann an där Saach näischt méi schifgoen
EGS ech kennen eis Stad ewéi meng (eegen) Täsch ech kennen eis Stad an allen Detailer
EGS hien huet säi Géigner mat Liichtegkeet an d' Täsch 1 gestach hie war sengem Géigner héich iwwerleeën
EGS hie gräift net gär an d' Täsch 1 hie bezilt net gär
EGS ech bezuelen dat aus menger Täsch ech bezuelen dat mat menge Suen
EGS hie schafft an seng eegen Täsch hie schafft nëmme fir säin eegene Profit
EGS als Kanner hate mir ni e Wak an der Täsch als Kanner hate mir ni Sue bei eis
EGS hien huet sech d' Täsche 1 gefëllt hien huet vun der Situatioun profitéiert, fir sech ze beräicheren
EGS dee Kärel läit den Elteren nach ëmmer op der Täsch dee Kärel lieft nach ëmmer vun sengen Elteren hire Suen