1
Wierder
Wort sprachliche Einheit
mot unité de langage
word unit of language
palavra unidade linguística
an dësem Wuert gëtt déi virlescht Silb betount
setz e Bindestréch tëschent déi zwee Wierder
2
Wierder
Wuert
Wort Äußerung
mot parole propos
word comment, remark
palavra dito afirmação
d' Musek 1 ass ze haart, et versteet ee säin eegent Wuert net méi
deng léif Wierder hu mer erëm Mutt gemaach
loosst mech e puer Wuert zu deem Theema soen
hie fält mir stänneg an d' Wuert 1 hien ënnerbrécht mech stänneg
ech gleewen deem kee Wuert ! 1 ech gleewen deem näischt!
an elo kritt de President d' Wuert 1 an elo schwätzt de President
hien huet kee Wuert iwwer seng Krankheet verluer hien huet bewosst näischt iwwer seng Krankheet gesot
déi Kanner follegen hiren Elteren op d' Wuert 1 déi Kanner follegen hiren Elteren direkt
looss mech dach emol zu Wuert kommen! looss mech dach och emol schwätzen!
firwat hues de mer kee Wuert vergonnt? firwat hues de net mat mir doriwwer geschwat?
eisen neie Chefredakter féiert gären d' grousst 1 Wuert eisen neie Chefredakter steet gären am Mëttelpunkt
vun deem kriss de ni e gutt Wuert vun deem kriss de kee Luef a kee Merci
déi jonk Fra kritt vun der Schwéiermamm kee gutt Wuert déi jonk Fra gëtt vun der Schwéiermamm schlecht behandelt
du verdréis mer d' Wierder 1 am Mond du verstees mech express falsch
et muss een him all Wuert aus der Nues zéien vu sech aus zielt hien net gär vill
hien huet e gutt Wuert fir mech ageluecht hien huet sech fir mech agesat
du hëls mer d' Wierder 1 aus dem Mond du sees dat, wat ech och wollt soen
hien huet Wuert fir Wuert widderholl, wat ech him gesot hunn hien huet wuertwiertlech geholl, wat ech him gesot hunn
hues de do nach Wierder ? 1 wien hätt dat geduecht?
hie muss ëmmer d' lescht 1 Wuert hunn hie muss ëmmer Recht behalen
3
kee Pluriel
Wort Versprechen
parole promesse
word promise
palavra promessa
hien huet säi Wuert gehalen
hien hat mer gesot, e géing mer gär hëllefen, mee e war paff, wéi ech en du beim Wuert geholl hunn hien hat mer gesot, e géing mer gär hëllefen, mee e war paff, wéi ech en dunn u säi Verspriechen erënnert hunn
trau him net, en huet kee Wuert trau him net, en hält sech net un dat, wat e seet
e Mann, e Wuert wien e richtege Mann ass, deen hält sech u säi Verspriechen
mir hunn eis d' Wuert 1 ginn, d' Rees 1 dat nächst Joer nach eng Kéier ze maachen mir hunn eis d' Versprieche 1 ginn, d' Rees 1 dat nächst Joer nach eng Kéier ze maachen
4
kee Pluriel
sech d'Wuert ginn
sich das Jawort geben heiraten
se marier
to marry to say I do
casar-se
d' Televisioun 1 huet iwwerdroen, wéi déi kinneklech Koppel sech gëschter virum Bëschof d' Wuert 1 ginn huet