An dësem PDF-Fichier fënnt den interesséierte Benotzer dee ganzen textuellen Inhalt vun all den Artikele vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (https://lod.lu), déi den Ament online sinn.

Et handelt sech ëm en Test-Produit, deen am Laf vun der Zäit verbessert gëtt, natierlech inhaltlech, mee och, wat d’Form ubelaangt. Dofir freet d’ZLS-Ekipp sech och hei ganz besonnesch op Feedback: lod@lod.lu.

De Fichier däerf elektronesch diffuséiert an och erausgedréckt ginn. De Versiouns-Datum steet op all Säit a soll bei Zitater am Idealfall genannt ginn.

Bei all gréisserem Update um Site gëtt och en neie Fichier generéiert.

PDF eroflueden